Calendar
Mo.
Di.
Mi.
Do.
Fr.
Sa.
So.
M
D
M
D
F
S
S
26
27
28
29
30
31
1
2
4
5
6
7
8
9
10
11
12
13
14
15
16
17
18
19
20
21
22
24
25
26
27
28
1
03 Feb.
03/02/2015    
14:00 - 17:00
Ein Schwerpunktthema der ökologischen Bauberatung ist derzeit die “Innendämmung”. Da die Vorurteile sich vor allem auf den Ausfall von Wasser und damit das Versagen der [...]
23 Feb.
23/02/2015    
19:30 - 21:30
Thema: Wärmepumpe, Solar, Pellets & Co.: Wofür braucht man denn das alles?   Wer eine Wohnung bauen oder umbauen will, tut das oftmals zum ersten [...]
Veranstaltungen am 03/02/2015
Veranstaltungen am 23/02/2015
23 Feb.
23 Feb. 15
Luxembourg
  • Print Friendly

Et ass esou wäit! Den Oekosoph mécht seng Diere nei op!

D’Philosophie vum Lou Steichen an dem Oekosoph ass: esouvill wéi méiglech bio, aus der Regioun, vegetaresch a vegan. Datt dës Menüen am Oekosoph eng Prioritéit hunn, ass selbstverständlech: manner Fleesch a méi Geméis iessen ass aus der Siicht vum Déiereschutz, der nohalteger Landwirtschaft, dem Klimaschutz, dem Respekt vun der drëtter Welt a net zulescht der Gesondheet noutwendeg.

D’Fleesch, wat ugebuede gëtt, entsprécht och klore Qualitéitskritären: net nëmmen datt et bio ass, ma awer och datt mir dat ganzt Béischt verwäerten (“from nose to tail”), och beim Wëld. Mir sinn natierlech fir eng nohalteg Juegd no klore Kritäre vum Déiereschutz: mir bezéien eist Wëld vu verstännege Jeeër; vum Usetz oder bei enger Beweegungsjuegd erluecht.

Weider organiséiert d’Equipe vum Mouvement Ecologique sonndes, méindes oder dënschdes extra Veranstaltungen… Loosst Iech iwwerraschen. Sproochecafé a Spillowender solle natierlech weider sinn.

Kommt laanscht an déi besonnesch gemittlech Brasserie mat der aussergewéinlecher Terrasss.

D’Ëffnungszäite sinn tëscht dem 1. September – 1. Juni

* Mëttesstonn:            méindes – freides vun 11.30 – 14.30 Auer

* Owes:                        mëttwochs – samschdes vun 17.00 – 23.00 Auer

woubäi mëttwochs den Oekosoph weider vun der éierenamtlecher Equipe vum Mouvement Ecologique gefouert gëtt (an e bësse méi eng kléng Kaard ugebuede gëtt).

D’Ëffnungszäite  an de Summerméint (1. Juni – 1. September):

* Mëttesstonn:            méindes – dënschdes vun 11.30 – 14.30 Auer

* De ganzen Dag:        mëttwochs – samschdes vun 11.30 – 23.00 Auer

Reservéiere kënnt Dir via Tel 439030-91 oder Tel 621 297242

De Menu vun der Woch an d’Menuskaart fand Dir hei.

Sou fand Dir eis: Link