Umweltberatung

Mäi Frigo vu bannen

Eng Visite den 29 Juli 2017 an de Recyclingbetrieb SEG Umwelt-Service Gmbh zu Mettlach (Saarland)

Aus wat besteet ee Frigo a wat geschitt mat dësem wann ech e fachgerecht entsuergt hunn? Dëst gi mir gewuer, bei der Visite vun der Firma SEG Umwelt-Service zu Mettlach, déi sech ob eng fachgerecht Entsuergung vu Frigoe spezialiséiert huet.
Um Programm stinn:

  • Presentatioun vun Ecotrel, dem Vertrieder vun den Hiersteller, Importateuren an Händler fir d’Ëmsetzung vun deene gesetzlech virgeschriwwene Verflichtungen zu der Entsuergung vun elektroneschen Apparater
  • Presentatioun vu SEG Umwelt-Service GmbH a Visite vun der Firma
  • Mëttegiessen am Brauhaus, gesponsert vu SEG Umwelt-Service GmbH

Dës Visite gëtt am Kader vum Projet “Energie- an Emwelttheme fir Bierger” vun der Ëmweltberodung Lëtzebuerg an Zesummenaarbecht mat Ecotrel an Oekotopten organiséiert, a riicht sech un all interesséiert Persoun.
Umeldung iwwert Internet um http://ebl.lu/event/mai-frigo-vu-bannen-visite-vum-betrib-seg/