Freelance – Hëllef fir d’Oekofoire gesicht

De Mouvement Ecologique an den Oekozenter Pafendall siche ganz kuerzfristeg eng Persoun, déi op bezuelter Freelance-Basis hëlleft, (nei) Aussteller fir d’Oekofoire 2016 ze gewannen.

Ëm wat et geet:

  • Mat potentiellen Aussteller (Firmen an de Beräicher Wunnengsbau a -sanéierung, Miwwelen, Haushaltsapparater, Energie, Liewesmëttel, Textilien, Kosmetik…) Gespréicher féieren;
  • Kontakt mat Handwierkerkummeren, aneren Organisatiounen aus der Groussregioun a soss Akteuren ophuelen fir interessant Aussteller vermëttelt ze kréien.

Wat Dir braucht:

  • Interessi un der Iddi vun der Oekofoire, un ekologesche Produiten an Déngschtleeschtungen,
  • Loscht op Leit duerzegoen, mat hinnen ze schwätzen,
  • Virkenntnisser, fir potentiellen Aussteller déi grouss Linne vun der Oekofoire ze vermëttelen (e.a. d‘ekologesch Kritären),
  • gutt Sproochekenntnisser am Lëtzebuergeschen, Däitschen a Franséischen.

Dir misst ab direkt 2-3 hallef Deeg d’Woch (während ca 2-3 Méint) verfügbar sinn, wëll d’Aussteller esou fréi wéi méiglech am Joer musse kontaktéiert ginn.

Wien Interessi huet soll sech mellen um: 439030-1 oder meco@oeko.lu.