Eise Kéisécker a Gefor – Maach mat bei eiser Aktioun

Viru 50 Joer hunn d’Grënner vum Mouvement Ecologique decidéiert hir Zäitschrëft «De Kéisécker» ze nennen, wëll dës Déierenaart sympathesch a pickeg zugläich ass. Deemools hätt kee geduecht datt dës Déierenaart eemol géing riskéieren auszestierwen, wat elo awer de Fall ass. Mir sinn eis et schëlleg, alles ze maachen, fir de Kéisécker, dee fréier heefeg an all Gaart an op der Gewan gelieft huet, virum Verschwannen ze retten…

Wëllt Dir méi iwwer d’Aktioun wëssen a wéi Dir dem Kéisécker hëllefe kënnt, da klickt hei (LINK)

Wann Dir eise Projet wellt finanziell ënnerstëtzen, kënnt Dir en Don maachen op een vun de Konten vun der Stëftung Oekofonds mat der Mentioun „Aktioun Kéisécker“ um BCEE IBAN LU31 0019 1100 4403 9000 resp. CCPL IBAN LU96 1111 0734 1886 0000 oder via den Digicash. Spenden un eis Stëftung si steierlech ofsetzbar. Mir soen elo schon villmools Merci.